Iwwer eis
About us
Bus
D’Äispist Kockelscheier ass an den 1970er Joren opgaang. Eng zweet Hal fir eis Clibb gouf am Joer 2007 gebaut. Eis béid Pisten hunn eng Fläche vu 4000 Meter Carré op deenen de Public souwéi eis Clibb sech erëmfannen.
Säit 2024 ass eis Trainingshal wärend 12 Méint a Betrib fir de Clibb d’Chance ze bidde wärend dem ganze Joer ze trainéieren.
International Hockeymatcher a Äiskonschtlaf Eventer fannen an der Haapthal statt. Lokal Competitioune ginn an eiser Trainingshal ofgehalen. Béid Halen hunn Tribüne fir eis Spectateuren.
Location / Access
D'Äispist Kockelscheier fënnt ee südëstlech vun der Stad Lëtzebuerg. Mir befannen eis niewent dem Park&Ride (P&R) Kockelscheier. De Parking huet 550 Plazen zur Verfügung an ass gratis fir 24 Stonnen.
BUS
Mat de follgende Buslinne kënnt Dir mam ëffentlechen Transport (Kockelscheier, Patinoire) d'Äispist besichen:
Bus 18 (Busplang)
Bus 27 (Busplang)​
​
Dir kënnt och den Tram op Gaasperech, Stadion huelen an da mat béide Buslinne weiderfueren oder eis zu Fouss erreechen.